Déi kulinaresch Attraktioun, déi een op der Schueberfouer
net verpasse däerf En Dësch reservéierenD’Menukaart uweisenFriture Chez Irène, wien si mir?
D’Friture Chez Irène, déi viru mei wei 65 Joer gegrënnt ginn ass, ass dat Traditiounshaus ob der Schueberfouer.
Säit iwwert 30 Joer gëtt Friture Irène vum Romain Hoffmann ( zanter 46 Joer am Betrib) a senger Fra dem Danielle an dem Fils Patrick gefouert.
De Patrick, zanter 10 Joer am Betrib aktiv, ass derbäi Nofolleg un ze trieden an esou Familljentraditioun fort ze fueren.
D’Friture Irène, déi kulinaresch Attraktioun ob der Schueberfouer gëtt vun ganz villen Clienten besicht an geschätzt, virun allem wéinst hirer qualitativ héichwäerteger Kichen, besonnesch de gebakene Fësch an Fëschfiléen, an déi op verschidden Maneiren zoubereeten Mullen, ouni all déi aner Plaen ze vergiessen.
Och hiren ganz léiwen an kompetenten Service gëtt vun villen Clienten ëmmer erëm ervirgehuewenen an gelueft.
D Philosophie vum Haus ass nawell einfach:
An enger entspanter an fröndlecher Atmosphäre bitt Friture Irène hire Gäscht e puer flott a lëschteg Momenter, bei enger gudder Kichen zu ganz raisonnabel Präiser an engem opmierksamen Service.
En Client den zefridden an glécklech heem geet , ass déi gréissten Belounung.
Romain, Danielle, Patrick Hoffmann an déi ganz Ekipp
Eis Menukaart
Entdeckt déi lecker Spezialitéite vu Chez Irene, déi Traditioun a Goût verbannen.
Evenementer

26.08.25
Buergermeeschter-Owend
Verschidde Buergermeeschteren ënnerstëtzen eis beim Service

01.09.25
Braderie Méindeg
coming soon

08.09.25
Bartrenger Bléiser – live
Ee flotte Musik-Owend ab 19:30 Auer! Reservéiert w.e.g. äre Plaz.

22.08 - 10.09
Gewënnspiller
Schueberfouer 2025
Reservéiert Ären Dësch ab elo
Mir acceptéieren
Mir acceptéieren Bezuelkaarten wéi Visa, Mastercard, Maestro, Apple Pay, Google Pay, ...
Boergeld
D’Chèques-repas-Kaarten
Kontakt a Reservatiounen
Telefon
Kichenzäiten
All Dag op
Mir kachen ouni Paus vun 11:30 bis 22:30 (lescht Commande)